kristelralstonwriter Kristel Ralston

Zwee Leit déi sech friem sinn erliewen e katastrophaalt Zesummentreffen, dat hiert Liewen op éiweg verännere kéint. Gidd alles gewuer iwwer d’Elaine an den Devlin. Wann Dir dës Kuerzgeschicht gelies hutt, kënnt dir och vläicht der Versuchung net widderstoen e „Macchiato“ ze bestellen.


Romance All public.
Short tale
8
2.9k VIEWS
Completed
reading time
AA Share

E Kaffi mat Schicksal - Kuerzgeschicht


Eng vun de Saachen, déi den Devlin am meeschte genervt huet, war an engem gnodelos kale Wanter ze erwächen, an da musse 5 Stroosse méi wäit ze goen, fir sech do beim Starbucks an d’Schlaang ze stellen. Mee, ouni de Moieskaffi huet bei him näischt funktionéiert. Dësen deegleche Spadséiergank war nawell méiséileg, well hie war net den eenzegen Awunner vun Atlanta, deen sech mat engem Macchiato wollt opwiermen. Dës Routine war eng vun de Konstanten a sengem chaotesche Programm.

Nieft senger erfollegräicher Aarbecht als Veterinär, konnt hie soen, datt säi Liewe net wierklech gemittlech war. D‘Wanda, säin 13 Joer alen Golden Retriever war virun e puer Deeg gestuerwen an dat war e grousse Verloscht fir hien. Hatt war seng Partnerin an eenzeg Famill wärend senge laange Schaffstonnen a senger akademescher Virbereedung. Hien huet hatt vermësst.

Wann de Verloscht vum Wanda net duer goung fir säin Elengsinn nach ze vergréisseren, dann hätt hien och nach konnten zouginn, datt säi Bezéiungstatus just mat engem Wuert ze definéiere war : net-existent. Esouguer, wann een déi sporadesch Affären, déi seng Libido a säi männlechen Ego handhabe konnten, mat abezunn huet. Trotz all deenen externe Faktoren, war d’Natur ganz generéis mam Devlin.

Mat 32 Joer hat hien en athletesche Kierper, deen hie mat Disziplin, duerch deeglecht Schwammen an der Piscine vu sengem Härenhaus a Form gehalen huet. Seng däischterbrong Hoer hu seng schéi gréng Aen accentuéiert a seng Eleganz a säin Optrieden konnt sech mat der Grazie vun engem heednesche Gott moossen. D’Fraen hunn him nogekuckt, a reagéiert, awer hie war ganz selektiv. Obwuel di eenzeg Fra, déi hie jee interesséiert huet, hie sëtze gelooss hat fir en Immobiliemagnat. Wärend Méint blouf him just e Gefill vu Verrot a Verloscht.

Dem Lorraine seng Léift war fir jiddwereen dee Fric hat, an d’Begeeschterung d’Suen auszeginn… an dat just mat him. Hien huet dat ze spéit matkritt. Sechs Méint laang, vun enger Frau, bedrunn ze ginn ass topeg, dat sot säi Frënd Charles him ëmmer erëm. Dofir huet hien entscheet, no fir ze kucken an di schlecht Erfarung hannert sech ze loossen.

Hien huet säin Haus verlooss a sech op de Wee bei de Starbucks gemaach. Hie wollt net un d’Lorraine erënnert ginn. Hie wollt net traureg gi mat Gedanken un d’Wanda. D’Liewe muss weidergoen.

Wou hie beim Coffeeshop ukomm ass, do schléit déi gewinnten Atmosphär him entgéint. D‘Genëschels an d’Laache vun de Clienten, gemëscht mam Aroma vun de Kaffisbounen, den Toun vun der Maschinn di d’Mellech erhëtzt, d’Ugestallten déi di verschidden Zorte vun Téi zerwéieren, an de Kaméidi vun der Mikrowell, déi Muffins, Kichelcher a Sandwichen fir matzehuelen, opwiermt.

Knapps hat den Devlin säi Macchiato, do goung hien och schonn op den Ausgang zou. Dëse bestëmmten Dag hat hien eng Rei vun Rendezvousen, esou, datt hie wosst e vollbeschäftegten Dag ze kréien. Hie war prett fréi unzefänken.

Hien huet sech bei d’Sortie gedrängt.

Wann hie säin Ëmfeld e bëssche méi wouer geholl hätt, hätt hien der Kaffisdusch iwwert säi Mantel, déi gemëscht war mat enger Substanz wéi en „Americano“, konnten aus dem Wee goen. Hien hätt och konnte vermeiden ze fluchen. Äddi, frësch gemaachene Moieskaffi. Rosen huet hien opgekuckt, fir den Architekt vun deem Desaster ze gesinn. Hie war geschockt.

Di verantwortlech Persoun war eng ëmwerfend Fra. Tatsächlech, di schéinste Fra, déi hien zënter laangem gesinn hat (den Devlin war ville Frae begéint, mee si war definitiv aussergewéinlech). Schockelasbrong Aen, eng riicht Nues, voll sensuell Lëpsen an Hoer, déi mat oder ouni schnéibedeckte Mutz laang, gekrauselt a kofferrout waren.

„Oh, oh, et deet mer Leed ! Ech war ofgelenkt mat mengem Telefon“ sot di erféiert Fra mat enger duusser, awer wéinst dem Onfall, opgereegter Stëmm.

D’Elaine war di lescht ganz Nuecht wakereg an hat geschafft, sou datt si kaum hiert Handele mat hire Gedanke koordinéiere konnt. Si huet onbedéngt eng gutt Nuecht Schlof gebraucht.

„Loosst mech d’Botzerei bezuelen. Ech hunn Äre groe Mantel schéi verhonzt.“

Den Devlin huet absolutt guer näischt matkritt wat di jonk Fra gesot huet, mee dofir huet hie fir t’éischt a sengem Liewe déi richteg Bedeitung vun „Léift op den éischte Bléck“ erkannt.

D’Elaine huet sech verbueden iergendeppes ze soen an eng Dommheet ze maachen. Sou wéi beim Schwätzen ze späizen. Dat war dat eenzegt, wat gefeelt huet op hirer Lëscht vun deeglechen Onfäll. Ass et méiglech, datt e Mann esou gutt ausgesäit?, huet si sech gefrot.

„‘t ass an der Rei,“ huet hie geflüstert, mee wat hie wierklech wollt, war, datt si géif ophalen hie mat den Zerwéiten ze beaarbechten. All Kéier, wann si déi Saugdicher géint seng Broscht gedréckt huet, fir de Kaffisfleck aus senge Kleeder ze saugen, dann ass de Fleck méi grouss ginn. Dat hat den Effekt vun enger ganz familiärer Wäermt a sengem Kierper. Säi virillen Deel ass erwächt. Ech kann dat net gleewen, huet hie geduecht.

„Ech sinn d’Elaine Pratts.“ Si huet hir Hand ausgestreckt an hien huet direkt dono gegraff. An deem Moment huet hie gefillt wéi en elektresche Schlag duerch seng Haut goung. Vun der Manéier wéi si geschwat huet, wéi hir Stëmm liicht gebrach ass beim Schwätzen, wosst hien, datt si datselwecht Gefill hat.

„Wannechgelift, erlaabt mir, datt ech Iech e Kaffi spendéieren oder d’Botzerei bezuelen. Ech sinn zimmlech duercherneen.“ Si hat e Laachen am Gesiicht, fir hir Nervositéit ze verstoppen an huet ouni opzehalen weidergeschwat.

„Wësst Dir, ech kéint en Design maache fir de Katalog un deem ech schaffen an Äre Mantel géif richteg trendy ginn…. Et ass eng Katastroph.“ Si hat nach ëmmer e Laachen an hirem Gesiicht.

„Ech si Moudendesignerin“ huet si explizéiert, wann hien éieren hir Uspillung net verstanen hätt. Si war zimmlech schlecht am Witzer räissen. „Et deet mer schrecklech Leed, dëst Accident.

Eng Fra déi onverfälschte Freed ausstraalt, huet hie geduecht. Hie war gewinnt u falscht a virbereet Lächelen, zesumme mat Interessi op den Inhalt vu sengem Portmonnie, awer alles wat vum Elaine ausgoung, huet esou natierlech gewierkt.

“Devlin Lawrence” huet hie sech virgestallt. “Ech si Veterinär, ech hunn d‘Schietecher an d’Jacketten, déi ech hu missten ewechgeheien ni gezielt. Ech si sécher, datt e bëssi Kaffi menger Wanterkleedung näischt wäert schueden,“ sot hien dunn, och mat engem Laachen.

„Et ass net néideg, Elaine, fir mir en anere Kaffi ze kafen oder soss eppes ze bezuelen,“ huet hie versicht si ze berouegen an dat mat engem interesséierte Bléck. Hien huet sech gefrot, ob si grad esou kreativ wär, wat en anere spezifeschen Aspekt an hirem Liewe betrëfft, een wou et em e bequeemt Bett mat seide Bettwäsch geet.

Eng Rei vu Clienten hunn ugefaangen sech opzereegen iwwert d’Gewulls dat si verursaacht hunn bei der Haaptentrée, dofir hu si d’Lokal verlooss. Esou wéi wann et dat Natierlechst aus der Welt wär, si si zesumme weidergaangen.

“Lawrence… Lawrence…” huet d’Elaine viru sech hi genëschelt. Dunn huet si sech dem Devlin zougewannt a gesot: „ Sidd Dir ee vun de Lawrences aus Nord Georgia?

D‘Elaine huet intrigéiert gefrot a sech a säi marinnbloe Mantel ageduckelt. D’Sue waren hir egal, mee en Ierwe kennenzeléieren, aus enger Multimillionärsfamill, déi, déi an den Zäitschrëften oft ernimmt ginn, dat war eppes Neits fir si.

„D’Besëtzer vun deenen IT Entreprisen? Sinn d‘Millionäre net déi, déi aner Leit hunn, déi hinnen de Kaffi maachen oder hinnen e komme loossen? Si huet eng aner Uspillung ausprobéiert. Et ass dach scho komesch e Millionär an engem Starbucks ze fannen… an dann och nach an der Waardeschlaang.

„Jo, ech sinn ee vun deenen“ huet hie batter geäntwert.

E bëssche genervt huet den Devlin geduecht, datt et onméiglech wär fir hien, Distanz ze huelen zu engem Numm, deen zënter Generatioune mat Fortune a Prestige verbonne gëtt. Hie hat Roswell verlooss fir seng eege Carrière an Atlanta an d’Hand ze huelen, wou säi Papp de Gerrard Lawrence, hie mat alle Mëttele wollt derzou kréien, fir d’Familljenentreprise ze iwwerhuelen.

Hien huet sech entscheet Veterinär ze ginn an et huet ausgesinn, ewéi wann de Midas touch a senger DNA agravéiert wär, well seng Carrière hien zu engem lukrative Geschäft geleet huet, mat deem entspriechende Bankkonto.

Si sinn zesumme weidergaangen, geleet vum Elaine senge Schrëtt. Si hat hiren ale Volkswagen nobäi geparkt.

„Mmh…ok…” huet si gesot. Hir Absicht war et net hien ze verletzen. Si huet sech drun erënnert, datt di eenzeg Persoun déi iwwer hir Witzer laacht hir beschte Frëndin war. D’Elaine wollt hien net iergere mat hirem net wierklech witzege Sënn fir Humor.

„Wann Dir net zouloosst, datt ech d’Botzerei bezuelen oder Iech en neie Kaffi bestellen, dann hunn ech besser ech ginn elo, entschëllegt mech“ sot si, andeems si sech getommelt huet fortzekommen an dat net ouni e komescht Gefill vu Verloscht.

Aus iergendengem Grond, hat si d’Gefill, dee schéine Mann vun anzwousch ze kennen. Dat war onméiglech. Dat hei war di éischte Kéier, datt si sech begéint sinn. Äddi Devlin.

Hien huet sech gefillt wéi en Eefalt, well hien esou ruppeg mat hir war. D’Elaine hat eng onschëlleg an noleiend Fro gestallt. Ass et net schlussendlech de Medien hir Schold, datt d’Lawrences esou bekannt sinn?

„Waart!“ Hien huet hir Hand goll an si huet sech ëmgedréit.

De selwechten elektresche Schock ass nach emol duerch déi sonnegetéinten Haut vum Devlin sengem Kierper gefuer. D‘Elaine stoung esou no bäi, datt hien e séissen Jasmingeroch wouerhuele konnt.

„Jo?“

„Et deet mir Leed, ech wollt net esou graff sinn, d’Saach ass déi, datt…“

Si huet hie fir e Moment ugekuckt.

„Dir sidd et gewinnt wéinst Äre Suen an Usproch geholl ze ginn, net wéinst Iech selwer, oder?“

Den Devlin huet mam Kapp gewénkt a si mat all sengem Charme ugelaacht, sou datt hiert Häerz e Sprong gemaach huet. Si hat ni virdru bei engem anere Mann dat Gefill, vun onmëttelbarer Chemie… ewéi wann et géif brennen. Fillt hien datselwecht? Si huet sech net getraut eppes ze soen. Vläicht war dat och just d’Resultat vun der Middegkeet, well si déi ganz Nuecht op war, fir all d’Säiten ze drécken, vum leschten Test fir de Katalog vun hirem wichtegste Client: Robins & Lindl.

„Elaine, wat haalt Dir vun engem Owesiessen? Op déi Manéier kann ech et erëm gutt maachen, well ech esou brüsk mat Iech war, an Dir kënnt mir e Laache schenke fir de Macchiato, deen der op mech gehäit hutt,“ huet hien ongehale gefrot. Hie konnt si net einfach goe loossen. Hie konnt dat net, wa schonn nëmmen de Gedanken, si net méi ze gesinn, hie mat esou déiwer Trauer gefëllt huet.

Si stoungen allen zwee op enger eideler Plaz nieft dem Elaine sengem Auto.

Atlanta ass eng beweegte Stad, mee vläicht war et d’Keelt déi d’Leit dervun ofgehalen huet, anzwousch anescht mateneen ze schwätzen, wéi an engem Café oder Restaurant, wou et eng Heizung gouf. Si sinn sech eleng duergaangen.

„Wow“ huet si gepëspert an ass rout ginn.

Hien hat Loscht hir Lëpsen ze verschléngen. D’Elaine wollt hien net ukucken well si genau datselwecht empfonnt huet.

„Devlin, ech…“

„Ech mengen, Dir sidd mir dat schëlleg, op d’mannst fir deen décke Fleck, deen Dir op mengem Kostüm hannerlooss hutt, sot hien, huet op sech gewisen an du festgestallt, datt hien hir kleng an duuss Hand nach ëmmer festgehalen huet, di lescht puer Minutten.

E plëtzlechen Impuls mécht, datt hie seng Fangeren mat hire verflecht huet, an hien huet gespuert, datt dat di richteg Plaz fir si war. Si huet op hir Hänn gekuckt. Wou si erop gekuckt huet, hunn hir Aen sech begéint, déif an intensiv. Op emol hunn d’Stroossen, de Kaméidi vum Verkéier, an alles wat ronderëm si war, opgehalen ze existéieren.

„Ech hu mech dat hei nach ni getraut. Dat ass fir t‘éischt…,“ huet si gehaucht.

Wat war si um Gaang ze maachen? Si hätt missten ofsoen fir sech mam Devlin ze treffen, en total onbekannte Friemen.

„Ech gi mat Iech iessen“ sot si amplaz. Si hat guer keng Angscht a wosst, datt dat di eenzeg richteg Äntwert war. An et war och di eenzeg déi Sënn gemaach huet.

Hien ass méi no bäi komm.

„Elaine, Ech weess, dat héiert sech verréckt un, mee kënnt Dir mir gleewen, wann ech Iech soen, datt ech Iech scho mäi ganzt Liewe kennen, an datt en Owesiesse mir sécherlech net wäert duergoen?“ huet hie ganz éierlech gefrot.

„Mir geet et selwecht,” huet si mat séisser Stëmm zouginn an hien an d’A gekuckt.

„Dat ass eng Erliichterung“ huet den Devlin geflüstert, a sech bei si eriwwer geleent, just e puer Millimeter vun hire provozéierende Lëpsen ewech.

Ob een him gegleeft huet oder net, datt hie seng Séilepartnerin an engem Kaffisbuttek kennegeléiert hat war him egal. Dat eenzegt wat wichteg fir hie war, war d’Gléck ze hunn, fir si ze treffen.

„Jo, stëmmt dat?“ huet si gefrot an dee perséinleche, männlechen Doft wouergeholl.

Hie wénkt mam Kapp.

„Esou ass et, ech mengen ech huele mer e Moment fir de Goût vun Ärem Kaffi kennenzeléieren. Ech si mer sécher, dat wäert eng séiss Sucht fir mech ginn.“

Dunn huet hie si gekësst.


----


E Kaffi mat Schicksal

All Rechter reservéiert.

1 Editioun.

©Kristel Ralston 2020.

Garantéiert duerch Safe Creative, grad ewéi der Autorin all hir aner Wierker.

Buch cover design: Karolina García Rojo ©Shutterstock.

Traktor: Fabienne Schnieder

Keen Deel vun dëser Publikatioun däerf reproduzéiert, an engem System konservéiert, oder ënner iergendenger Form oder mat iergendenge Mëttelen iwwerdroe ginn, inklusiv Fotokopien, oder aner elektronesch oder mechanesch Methoden, ouni virdrun di geschriwwen Autorisatioun vum Besëtzer vum Copyright kritt ze hunn.

Dat hei ass e literarescht Fiktiounswierk. Plazen, Nimm, Ëmstänn a Persounen sinn e Produkt vum Auteur senger Imaginatioun an hir Verwendung ass fiktiv; all Ähnlechkeet mat der Realitéit, mat engem Geschäftsbetrib oder iergendenger Situatioun oder Fakt ass pueren Zoufall.




-----


Iwwert d’ Autorin


Ecuadorianesch Romanzen Autorin an begeeschtert Lieserin vum Genre, ass d’Kristel Ralston passionéiert vu Geschichten, déi an europäesche Paläst a Schlässer spillen. Obwuel si hire Beruff als Journalistin gären hat, huet si sech entscheet fir eng aner Approche vun hirer Carrière an huet um Ale Kontinent e Master a Public Relation absolvéiert. Wärend hirem Openthalt an Europa huet si verschidde romantesch Prosawierker gelies, déi si begeeschtert an inspiréiert hunn fir hiert éischt Manuskript ze schreiwen. Zënterhier, feelt et weder an hirer perséinlecher Bibliothéik, nach an hirem wëchentlechen Agenda u Bicher vun dësem literaresche Genre.

Hire Roman “Lazos de cristal” war ee vun de fënnef Manuskripter vun der enker Auswiel fir den Zweete Literaresche Kontest vun onofhängegen Auteuren (2015), gesponsert vun Amazon, Diario El Mundo, Audible an Esfera de Libros. Dëse Kontest huet méi wéi 1200 Manuskripter vu verschiddene literaresche Genre vu Spuenesch schwätzende Leit vu 37 Länner kritt. Kristel war déi eenzeg Latäinamerikanerin ënnert de fënnef Finaliste vum Kontest.

D’Autorin war och an der enker Auswiel fir de romantesche Prosawierk Kontest Leer y Leer 2013, organiséiert vu Vestales Verlag Argentinien, an si ass co-administrateur vum literaresche blog Escribe Romántica. D‘Kristel Ralston huet verschidde Romane publizéiert, dorënner : The price of the past, Entre las arenas del tiempo, Mientras no estabas, Brillo de Luna, Un acuerdo inconveniente, Lazos de cristal, Bajo tus condiciones, El último riesgo, Regresar a ti, Un capricho del destino, Desafiando al corazón, Más allá del ocaso, Un orgullo tonto.

Eng prestigiéis ecuadorianesch Zäitschrëft huet si als eng vun de Frae vum Joer 2015 fir hiert literarescht Wierk an der Kategorie Konscht nominéiert.

Haut lieft d’Kristel zu Guayaquil, Ecuador, a gleeft fest drun, dat Dreem sech verwierklechen. Wärend hirer Fräizäit, erfreet si sech drun, Romaner ze schreiwen déi de Lieser invitéieren weiderhin vun engem glécklechen Enn ze dreemen.


Fannt méi iwwer d’Autorin op hirer website:

www.kristel-ralston.com

Sozial Medien

Twitter/Instagram: @KristelRalston

Facebook: KristelRalstonBooks

Direkte Kontact

Email: [email protected]


Feb. 2, 2020, 6:39 a.m. 0 Report Embed Follow story
2
The End

Meet the author

Kristel Ralston Amazon best-seller in romantic novels

Comment something

Post!
No comments yet. Be the first to say something!
~